Kreative Bildungsuert

Inspiratioun & Weiderbildung

Inspiréiert un der italienescher ReMida an der Reggio Approche bitt Formida Echange Reschtmaterialie fir kulturell, kreativ a pedagogesch Projet'en un.

Gestalten. Matmaachen. Léieren

Konzept Formida Echange

Kanner an hir Begleeder erliewen zesumme wéi Reschtmaterialie kreativ kënne genotzt ginn an entdecken dobäi de Message vu Nohaltegkeet op eng fräi a spilleresch Aart a Weis. Déi Erwuesse kënne sech ausserdeem u Methoden, Materialien, Raumgestaltung a Léierprozesser inspiréieren.

Inspiratioun

Reggio Approche

D'Approche vu Reggio Emilia ass eng edukativ Philosophie, déi d'Kand als kompetent a voller Potential gesäit. D'Kand léiert duerch «100 Sproochen» an duerch d'Gemeinschaft. Den Erwuessenen ass de Begleeder an de Raum ass den «3. Erzéier».

Kontakt

Kontaktéiert eis fir méi Informatiounen.