Découverte
Mir proposéieren Workshops zu verschiddenen Theme, wéi z.B. Entdecke vun extraë Materialien.
Fir Kanner vun 3-12 Joer bidde mir kreativ Workshops a Spill-Treffen zu den Theme Nohaltegkeet a Kreeslafwirtschaft un. Déi Erwuessen hunn dobäi d'Méiglechkeet, sech fir hir pedagogesch Praxis ze inspiréieren.
Wärend de Workshops entdecken d'Kanner di faszinant Welt vun de Reschtmaterialien. D'Kanner solle virun Allem fräi entdecken, fuerschen an ausprobéiere kënnen. Nieft de Reschtmaterialie gëtt dobäi och ënnert aanerem mat Liichtprojektiounen, digitale Landschaften, Tabletts a Faarwe geschafft.
Duerch d'Zesummenaarbecht mat Persounen aus Branche wéi der Musek, dem Theater, dem Danz, dem Design etc. proposéiert Formida Echange reegelméisseg spezifesch Workshops ronderëm d'Theme Kreativitéit a Nohaltegkeet. Mir freeën eis iwwert néi Kontakter fir eis Offer ze erweideren!
* säit Eröffnung vum Centre Formida 2018
Méi Informatiounen iwwert Workshops a Spill-Treff fannt dir an eisem aktuelle Flyer.
D'Workshoppe fir Kanner inspiréieren sech un der pedagogescher Approche vu Reggio Emilia.