Centre Formida

Gestalten, matmaachen, léieren.

Säit 2018 ass de Centre Formida – e Projet vun arcus a.s.b.l. – zu Esch am Quartier Hiehl op engem historesche Site aus der Stol-Industrie.

arcus a.s.b.l

Arcus a.s.b.l, gegrënnt 2008, ass eng Associatioun déi Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Famillen duerch verschidden Angeboter begleed. De Schutz an d'Ënnerstëtzung vun dësen Zilgruppen stinn dobäi am Mëttelpunkt. Am soziale Sektor bitt arcus a.s.b.l. e grousst an dynamescht Netzwierk am erzéiereschen, pedagogeschen an therapeutesche Beräich.

Fir Jiddereen

Eis Offeren

De Centre Formida ënnerstëtzt ënnerschiddlech Zilgruppe mat Offere fir Kanner, Jonker, Pedagogen a Kënschtler. Sozial, kreativ an ästhetesch Kompetenze vu Kanner, Jonken an Erwuessene ginn hei gefërdert a weiderentwëckelt.

Mir bidde liewensweltorientéiert, handwierklech a kreativ Atelier'en u, wou déi Jonk hier sozial an technesch Kompetenzen entdecken, stäerken a weiderentwéckele kënnen. Ergänzend schoulesch Moduler ginn an Zesummenaarbecht mat engem Lycée ugebueden.

Mir ënnerstëtzen déi Jonk an hirer Autonomie esou dass si selwer Akteur vun hirem schouleschen a berufflesche Projet ginn. Mir wëllen de Jonken a jonken Erwuessenen duerch eis Angeboter virun allem d’Gestaltung vun enger perséinlecher an nohalteger Liewensperspektiv erméiglechen.

De Centre Formida sammelt all méiglech Reschtmaterialien, Echantillon'en, Chuten...aus der Industrie, vu Butteker, Entreprisen,  fir Offall ze reduzéieren a fir dës Materialien als kreativ a pedagogesch Ressource weiderzeverwenden. Mir wëlle sou e Reseau opbaue fir d'Kreeslafwirtschaft an allgemeng e méi wertschätzenden Ëmgang mat Ressourcen ze fërderen.

Formida Echange proposéiert eng Vielfalt un industrielle Reschtmaterialien, déi als kreativ a pedagogesch Ressource kënne genotzt ginn. An eise Workshops a Formatiounen erméigleche mir Kanner a pedagogeschem Personal eng kreativ a nohalteg Ausernaanersetzung mat dësen Industrieprodukter. D'Materialie kënne vu pedagogeschem Fachpersonal an och vu Kënschtler fir hir eege Projet'en matgeholl ginn.

Konzept Centre Formida

Méi Informatiounen zu all eisen Offere fannt dir an eisem Konzept.

Jobs

Gidd Deel vun der arcus-Ekipp a postuléiert elo online!

Aktualitéit

De Centre Formida huet am Juli déi nei Atelier'en um Rez-de-chaussée an d'Internat «Formida Wunnen» ageweit. D’Fotoe goufen deels vun de Jonken aus dem Centre Formida gemaach.

Newsletter

Iwwert dëse Link kënnt dir eise Newsletter abonnéieren.