Formida Chance

Du sichs e néie Wee?

Mir hëllefen dir däi Wee ze fannen andeems mir dech a ville Beräicher ënnerstëtze fir deng Kompetenze weider ze entwéckelen.

Komm bei eis!

Fir wien?

  • Du bass 16 Joer oder méi al
  • Du wëlls eng nei Perspektiv an dengem Liewen entwéckelen
  • Du bass net an enger Schoul ageschriwwen oder hues nach kee Patron fonnt fir eng Léierplaz
Wat kanns du hei léieren?

Aktivitéiten am Centre Formida

Du léiers kreativ Methoden aus dem digitalen a kënschtleresche Beräich kennen, ënner anerem kanns du mat 3D Drucker schaffen, Podcasts erstellen, a Fotoe beaarbechten.
Wat kanns du hei léieren?

Aktivitéiten am Centre Formida

A verschiddenen Atelier‘e kanns du léiere mat Holz, Metall oder Elektronik ëmzegoen a flott, kreativ Saachen hierzestellen.
Wat kanns du hei léieren?

Aktivitéiten am Centre Formida

Du kanns u Lehm-an Molatelier‘en deelhuelen, Entspanungstechnike léieren, dech op Virstellungsgespréicher virbereeden a villes méi.
Wat kanns du hei léieren?

Aktivitéiten am Centre Formida

Du léiers vill Zorte Material kennen, wou et hierkënnt, aus wat et besteet, wéi et richteg gelagert gëtt an wat fir nei Saachen een erëm kann domat hierstellen.
Dagesoflaf

Praktësch Infoen

Fir dech ass de Centre Formida op:

 

Méindes bis Freides:
08:00 – Start
15:00 – Ofschloss

De Centre Formida bitt all Dag e gratis Mëttegiessen am «Café Formidabel» un.

Begleedung

D'Team

Am Centre Formida schafft en Team aus edukativem, handwierklechem a kënschtlereschem Personal, dat dech an denge Projet'en ënnerstëtzt.

Mell dech!

Wanns du interesséiert bass, mell dech hei fir méi Informatiounen ze kréien!