
D'Welt vun de Reschtmaterialien
Formida Echange proposéiert Reschtmaterialien aus der Industrie, eng pedagogesch Reflexioun a Weiderbildungen zu den Theme Nohaltegkeet a Kreeslafwirtschaft fir edukatiivt Personal, Dageselteren, a Leit aus dem Konscht- a Kulturberäich.
Kiosk
Am Kiosk ginn et Reschtmaterialien aus der Industrie, déi fir pedagogesch a kreativ Projet'e kënne genotzt ginn. Membere kënnen des Materialie gratis mathuelen an am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft och erëm zréck bréngen.


Visitt
Bei enger Visitt gëtt de Projet Formida Echange méi am Detail virgestallt. Dobäi kritt een en Abléck an d'Raimlechkeeten, d' Materialien an an déi verschidden Offeren. Visitte si méiglech mat Rendezvous an daueren ca. 1 Stonn. Mellt iech hei fir en Zäitpunkt festzeleeën.
Ludobibliothéik
Formida Echange proposéiert Bicher fir Erwuessener a Kanner zu den Theme Nohaltegkeet, Kreativitéit a Reggio-Pedagogik. Ausserdeem ginn et Spillkoffere mat preparéierten Aktivitéiten an digitaalt Material wéi Liichtplaquen oder Overhead-Projekteren. D'Bicher an d'Material aus der Ludobibliothéik kënne vu Membere gratis ausgeléint ginn.

Spill-Treff
De Spill-Treff ass e Nomëtteg extra fir Dageseltere mat hirem Kannergrupp. Dobäi kënne si sech austauschen an inspiréiere wärend d'Kanner mat de Reschtmaterialie fräi spillen an experimentéieren.

Formatioun-focus
Iwwert de Service focus bidde mir Formatioune zu den Theme Reschtmaterialien, Nohaltegkeet, Kreativitéit a Kreeslafwirtschaft un.
Aktualitéit
Has Du e gudde Summer an eng gutt Rentrée? Mir hunn d'Zäit genotzt, Deeler vun eisen Offeren unzepassen, fir eise Memberen eng beschtméiglech Palett un Inspiratiounsquelle fir d'Schaffen a Gestalte mat Reschtmaterialien ze erméiglechen.
Als Expertenzenter fir ästhetesch, kreativ an nohalteg Bildung invitéiere mir Dech häerzlech, eis Räimlechkeete fir eng pedagogesch Reflexioun ze notzen, sief dat wärend enger Visitt oder wärend eise Formatiounen.


Newsletter
Abonnéiert eise Newsletter fir reegelméisseg Updates zu den Offere vu Formida Echange ze kréien.