Formida Circular

Sozialt a nohaltegt Enga­gement

Verwandelt är Reschtmaterialien a wertvoll Ressourcen a gitt Deel vun eisem Kreeslaf-Reseau.

Fonctionnement

Mir komme bei Iech, fir Är Reschtmaterialien ze iwwerpréiwen an ze evaluéieren. Wann een Accord zustane kënnt, kritt Dir eng Këscht, wou Dir Är Materialie kënnt dra sammelen an déi vun eiser Ekipp ofgeholl gëtt.

Eis Zieler

Fir wat?

De Centre Formida ass e Bildungzenter, deen edukativem Fachpersonal, Enseignanten, Kanner a Jugendlecher eng ganz Rei vun Aktivitéiten ubitt. Eist pedagogescht Konzept sensibiliséiert fir ee wäertschätzenden Ëmgang mat de Ressourcen an erlaabt kreativ, sozial an ästhetesch Kompetenze weiderzëentwéckelen.

Nohalteg a sënnvoll

Är Virdeeler

  • Kanner a Jugendlecher an hirer kreativer Entwécklung ënnerstëtzen
  • Hëllefen, Offall ze reduzéieren a Ressourcen ze spueren
  • Méi grouss Visibilitéit an Ärer Regioun
  • Deel si vum „Centre Formida Circular“, enger sozialer an ökologescher Aktioun

* säit Eröffnung vum Centre Formida 2018

Brochure

Hei fannt dir d'Print-Versioun vum Prozess vu Formida Circular

Méi Informatiounen

Méi Detailer iwwert Formida Circular fannt dir hei:

Formida Newsletter

D’Luxlait ass ee vu ville Partner aus der Industrie, déi eis Reschtmaterialien iwwerloossen. Zum Beispill krut de Centre Formida no enger Propose vun der Luxlait Kartongs-Becheren an transparent plastiks Dëppercher. Dës Materialien kënnen dann a kreative Workshoppen vun Erwuessenen a Kanner genotzt ginn.

Newsletter

Abonnéiert eise Newsletter fir reegelméisseg Updates zu den Offere vu Formida Circular ze kréien.